Dësch Tennis Club Viichten- Méchelbuch
CLUB

Bienvenu sur le site du Club de Tennis de Table Vichten-Michelbouch
band
start club training competitions photos
agenda
links
fltt
membres
medico medicok
COMITÉ
 
Président: Luc RECKEN
8c Rue de la Chapelle
Tél.: 26 88 01 59
Mail: reckenl@pt.lu
L-9188 Vichten
GSM: 691 88 01 59
  Vice-Présidente: Lotty BISSEN
26 Rue Principale
Tél.: 83 83 27
logo
  Mail: /
L-9190 Vichten
 
Secrétaire: Steve SCHMOL      
     
  Astrid PAVONCELLI
83 Rue Principale
Tél.: 888 154  
Mail: apavoncelli@deloitte.lu
L-9190 Vichten
   
Responsable remises Luc RECKEN
8c Rue de la Chapelle
   
matchs / résultats : Mail: reckenl@pt.lu
L-9188 Vichten
   
Responsable Jeunes : Damiano MONTANARO
79c Rue Principale
   
Mail: damim@pt.lu
L-9190 Vichten
GSM: 691 71 16 12  
         
         
         
       
GESCHICHT VUM CLUB
 
 


Den DT Vichten Mëchelbuch gouf gegrënnt am Joër 1991.


Schons méi lang war an den Käpp vu verschidde Leit d’Iddi fir e Ping Pongs Club am Duerf  ze grënnen.
Een vun deenen Éischten, deen déi Iddi hat , war den Tun Jacoby. Hien huet Statuten organiséiert an den Jos Oesch an den Camille Scheuren sin duerch d'Duerf getrëppelt fier Leit fir de Club ze rekrutéieren.

D’Grënnungsversammlung  war  dunn endlech  am März vum selwechten Joër.  All “Notabilitéiten” aus dem Duerf waren dobäi. D’Presidenten vun de Club’en, de Buergermeeschter, de Schäffen- an Gemengenrot, asw.  De Gonderinger Camille  war komm an senger Fonktioun als Generalsekretär vun der Fédératioun an huet déi éischten Annuairen (d’Bibel vun den Ping Pongsspiller!) ausgedeelt.


Den éischten Training huet am Festsall stattfonnt. Den deemolegen Schoulmeeschter François Noben hat esouguer  en Trainingsmatch géint Veianen organiséiert.

Wéi dunn d’Mischhaus fäerdeg renovéiert  war, ass eriwwer gewiesselt gin . Hei sin dunn och déi éischten Championnatsmatcher (Saison 1991-1992 /Saison 1992-1993) iwwer d’Bühn gangen. Dëse Kader huet allerdéngs  net 100%  deenen noutwendegen Normen entsprach . Dëst war Unlass vu munch hëtzegen Diskussiounen op Säiten vun de Verléierer.

Ëmsou méi frou war dunn de Club wéi déi nei Sportshall färdeg opgericht war an hien hei  en neien, a bis haut, definitive, Ënnerdach fonnt hat.
Fir am Mischhaus unzefänken hat d'Gemeng dem Veräin zwee nei Dëscher gestëft.
Et waren 2 Minimes  an 4 Seniors Equipen am Asaz.
Am Allgemengen hat de Club vun Unkank un groussen Zoulaaf. De Succès war däermoossen grouss  dat munechmol net genuch Autoen disponibel waren fir d’Spiller op d’Tournoi’en ze féieren.

Den éischten Président war :            JACOBY Tun
Sekretär:                                           OESCH Jos
Keessiär:                           KUGENER Marie Paule
Mat am Comité waren:                       BISSEN Lotty
                                                          GILSON Nic
                                                          RECKEN Luc
                                                          SCHEUREN Camille


Déi éischt Équipe vun deemools huet sech zesummengesaat aus:
OESCH Jos, RECKEN Daniel, SCHEUREN Camille, DOS SANTOS Suzelin
Si hun direkt an der 5ter Divisioun ugefangen!

Den éischten Logo vum Club ass vum Zeecheprof Erny GAASCH entworf gin.
Ze bemierken bleiwt dat d’Minimen vu Viichten  eng Zeit lang vum Ni Xia Lian, der fréierer Weltmeeschterin am Double (1983) an Sportlerin vum Joër 2001, trainéiert gi sin!

Eng Anekdot:
De Président (Jacoby T.) huet selwer emol ee Match bestridden, an direkt dobäi eng Strof kasséiert .
Vun engem Kontroller, deen zufällergerweis grad deen Owend kucken komm war, ass hien bestroft gin
“Hien hat keen offiziellen Trikot vun der Equipe un!”

article